Spurlautprüfung 2014

Spurlautprüfung a Schossfestegkeetsprüfung zu Léiweng mat de Riichtere Jacques Petit, Hubert Schildknecht a Marc Ledoyen. Gemellt wore 5 Dackelen.

Um 8:00 wor Rendez-vous beim Hotel IBIS zu Léiweng, wou bei enger Taass Kaffi den Oflaf vun der Prüfung erklärt, souwéi d'Reiefolleg gezunn, goufen. Dono ass et bei de Här Lang an de Här Kohn an d'Revéier gaangen, wou no enger Chipkontroll, d'Schossfestegkeet bei den Honn gepréift ginn ass. No der Schossfestegkeet, déi all Hond bestanen hat, sinn d'Wisen no Huesen ofgesicht ginn. Séier woren och genuch Huese fonnt. 

Kuerz no Mëtteg ass et dunn op Filsdorf an de Lokal "A Mackel" gaange wou no engem gemittlechen Ofschlossiessen d'Präisser verdeelt gi sinn. Gemellt ware 5 Honn, 3 hunn der bestanen: 

  • en 1te Präis fir d'Allie vom Heckenfeld mam Sarah Hilckmann
  • en 2te Präis fir de Lux vom Theeltal mam Georges Kugener
  • an en 2te Präis fir d'Quinn vom Nattertal mam Marianne Jacobs

E grousse Merci un all di Bedeelegt!

Fotos: Xavier Godfrin & Marianne Jacobs